RTL TV : Leslie’s Art Gallery op der Affordable Art Fair zu Bréissel

April 2nd, 2010
AAF Bruxelles

AAF Bruxelles

Mëtt vun de 90er Jore krut den englesche Gallerist Will Ramsey d’Flemm mat däer komplett iwwerdéierter an ëmmer méi dacks onerschwënglescher zäitgenëssescher Konscht. Kuerzer hand huet hien entscheet vun deem Ament un a senger Gallerie naischt méi ze verkafen wat méi wéi 2.500 Pond géif kaschten.

Nom Succès vun der Bellëg-Gallerie huet de Gallerist kuerzerhand decidéiert dëst Konzept op eng Konschtfoire z’iwwerdroen.

Am Oktober 1999 huet de Will Ramsey d’Affordable Art Fair eng éischte Kéier am Battersea Park zu London organiséiert. Säi Konzept huet mat 10.000 Visiteuren an engem Weekend ageschloe wéi eng Bomm. Dass d’AAF hire Wee och op de Kontinent fonnt huet, ass ënner anerem op dëse Gallerist vu Paräis zréckzegféieren.

Et ass jo esou, dass d’Affordable Art Fair de Wee an d’Welt vun der zäitgenësseger Konscht wëll fir jiddereen opmaachen. Deemno sinn déi Wierker déi do gewise ginn zougänglech, einfach ze verstoen an z’apréciéieren.

Ënnert den 80 Gallerien déi am Kader vun der AAF Bréissel am Gebai vun Thurn and Taxis ausgestallt hunn woren och eng sëlleche jonk Gallerien, déi vun dëser dynamescher Foire profitéiere fir sech och op europäeschem Niveau een Numm ze maachen.

Dann ënnerstetzt d’Affordable Art Fair awer och jonk Kënschtler, déi bis dohinner nach ni an enger Gallerie ausgestallt hunn. Hei sollen se d’Chance kreie fir sech beim Public en Numm ze maachen an awer och fir éischt Kontakter mat de Gallerien ze knäppen a wie wees vläicht esouguer en éischt Wierk verkafen.

Lass goung et och fir d’Leslie Barnig a Richtung Bréissel wou d’Leslie’s Art Gallery eng éischte Keier op enger Konschtfoire vertrueden ass. D’Leslie Barnig wor selwer scho Gaascht op fréieren Editiounen vun der Affordable Art Fair an huet sech vun Ufank u mam jonken an dynamesche Konzept vun der Foire identifizéiert.

D’Opreegung am Virfeld wor grouss an heiheem huet d’Leslie Barnig d’AAF bis an dee klengsten Detail preparéiert. Am léifste géif een op esou enger Foire jo alles weise wat een an der Gallerie hänken huet, ma dacks feelt et u Plaz. E puer Meter carré huet esou ee Foirestand an do ass et wichteg, dass een am Virfeld mat enger Maquette an engem geneeë Plang schafft. Nodeems d’Biller dann hänken an de Stand fäerdeg opgeriicht ass, kann et awer sinn, dass de Plang net ganz opgeet an dat eent oder anert Wierk muss geplënnert ginn.

Och wann de Verkafspräis vun deene Wierker déi hei gewise ginn, limitéiert ass, sinn d’Käschten déi esou eng Foire mat sech bréngt fir d’Gallerien net onbedengt méi kleng. Ee Stand bei der Affordable Art Fair kascht net vill manner wéi soss entzwouch an dat ass zum Deel doropper zréckzeféieren, dass d’Organisateuren immens vill Suen an d’Kommunikatiuon stiechen. Fir dass esou eng Foire sech rentéiert, misst een dann awer och nach dat eent oder anert Wierk verkafen.

D’Participatioun un der Affordable Art Fair zou Bréissel wor fir d’Leslie Barnig deemno éischter strategesche Marketing. Ënnert dem Stréch wor si awer esou zefridde mat deem wat d’AAF hir bruecht huet, dass se Enn Mee op der Paräisser Editiuon vun der Konschtfoire och wäert dobai sinn.

Kuck de Video !